Société Luxembourgeoise de Psychologie

Mir heeschen Iech Wëllkomm um neien Internetsite vun de Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie. Eis Gesellschaft huet den 18te Juli 2015 hier 30 Joer Existenz gefeiert, Grond deemno fir den Internetsite ze erfrëschen an e méi zougänglech ze maachen. An Zukunft sin déi wichtegst Rubriken a véier Sproochen disponibel, an zwar op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. Den Annuaire vun de Psychologen, ënnert der Rubrik „e Psycholog fannen“ as moderniséiert a méi benotzerfrëndlech. D’Diashow op der Startsäit kënnegt nei Manifestatiounen ronderëm d’Psychologie hei am Land oder am noen Ausland un. Wann Dir Iech fir eis Newsletter abonneiert gitt dir iwwert all nei Annonce per E-mail informéiert.

D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie ass déi representativst Associatioun vun den diploméierte Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 300 aktiv an assoziéiert Memberen, an as säit 2001 offiziele Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologenverbänn (EFPA).

Mir wënschen Iech eng vlott Zäit op eisem neien Internetsite a si fir all Verbesserungssuggestioun oppen.

Vill Spaas bei der Visite

De Verwaltungsrot

Member gin
D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) besteet aus aktiven, associéierten an Éierememberen, déi sech engagéieren den Ethikkodex vum Beruff anzehalen.
aktive Member gin
Newsletter abonnéieren
Fir Iech op d’Online-Newsletter vun der SLP z’abonnéieren, hannerloosst eis Är Emailadress! Dir kritt dann eng Nooriicht all Kéiers, wa mir eng nei Veranstaltung op eisem Site annoncéieren.
abonnéieren

Eis Collaborateuren

alepunilu

icon-facebookicon-twittericon-linkedin

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits