Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

ETHIK

2001 huet d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie en Ethikscode ugeholl, deen als Richtlinn an der professionneller Aarbecht an zum Léisen vun etheschen Dilemma a Wertkonflikter, op déi professionell Psychologen a Praxis (Diagnose, Berodung, Psychotherapie, asw.) a Fuerschung kënne stoussen, soll déngen. De Bäitrëtt als Member vun der SLP implizéiert en Engagement zum etheschen Handelen am Accord mat den Ufuerderunge vum Ethikcode.

 

Ethikcode vun der SLP

D’Ziel vum SLP-Ethikcode ass d’Wuel an de Schutz vun deene Mënschen ze garantéieren, déi mat Psychologen interagéieren. Ausserdeem soll en zum etheschen Handelen encouragéieren an zu qualitativ héich psychologeschen Déngschtleeschtunge bäidroen.

Eroflueden vum SLP-Ethikcode (Download)

Den SLP-Ethikcode ass a senger Form an Inhalt vum ethesche Metacode vun der Europäescher Federatioun vun de Psychologenassociatiounen (EFPA) inspiréiert.

Eroflueden vun der Charte vun der EFPA op Englesch [Download] oder op Franséisch [Download].

Den SLP-Ethikcode ass offiziell vun anere Psychologen- a Psychotherapeutenvereenegungen a vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Psychologiestudenten (ALEP) ënnerstëtzt.

Consultativ Commissioun fir Deontologie (CCD)

D’SLP bitt Berodung an Ënnerstëtzung an ethesche Froen an intervenéiert bei Kloen iwwer professionellt Feelverhale vun hire Memberen. Am Joer 2006 gouf eng consultativ Kommissioun fir Ethikfroen opgestallt, déi den Ethikscode enger regelméisseger Evaluatioun ënnerzitt an zu Froen an der Uwendung an Interpretatioun a bestëmmte Kontexter beréit.

Eroflueden vun den Interne Regele vum CCD [Download]

 

FROEN BETREFFEND ETHIK

Fir professionnel Froen vu Memberen vun der SLP :

  • Berodung an Informatiounen zu etheschen Themen
  • Kollegial Ënnerstëtzung an der Gestioun vu komplizéierten ethesche Situatiounen

per E-mail  un de President vun der CCD (redingdenise@gmail.com)  mat Copie un d’SLP (contact@slp.lu)

 

Fir Clienten / Patienten:

  • Froen betreffend dem professionelle Verhale vun engem Member vun der SLP
  • Fir eng Plainte géint e Member vun der SLP eranzereechen

per E-Mail un d’SLP (contact@slp.lu)

 

Eroflueden vum “Règlement sur le traitement des plaintes” [Download]

 

Am Kader vun der Plainte gëtt d’CDD sech den Optrag d’ Situatioun kloer ze stellen a wa méiglech zu enger Eenegung ze kommen (Art. 15 vum Règlement sur le traitement des plaintes) a probéiert dobäi den Dialog tëscht de Parteien ze favoriséieren (Art. 11 vum Règlement sur le traitement des plaintes).

 

D’Membere vum CCD (mandatéiert fir den Zäitraum 2021-2026)

Dr. Reding-Jones Denise

Psycholog-Psychotherapeut
PresidentProfil
Sylvie Langermann

Psycholog-Psychotherapeut
Member Profil
Elizabeth Pütz

Juriste
MemberAvocate
Maîtrise en Droit international public et privé
Master 2 en Droits de l’Homme
Tres Michel

Philosoph
MemberEnseignant de philosophie (Enseignement secondaire classique et général)
Formateur disciplinaire à l’IFEN (Formation des enseignants de philosophie)
Maître en philosophie, mention en esthétique

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits