Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Semaine de la Santé Mentale

D’Ligue Luxembourgeoise d’hygiène mentale organiséiert dëst Joer di aller eicht Semaine de la Santé Mentale zu Lëtzebuerg. Dësen Evenement, ass fir Professioneller vun der Santé awer och fir de grousse Publik geduecht a wäert vum 7 bis 12 Oktober an fënnef Gemengen stattfannen.

Wärend dëse sechs Deeg ginn 50 verschidde Aktivitéiten, Konferenzen, kulturell a sozial Evenementer gehalen. D’Ziel ass et esou vill Leit wei méiglech fir d’Thematik vun der psychescher Gesondheet a Lëtzebuerg ze sensibiliséieren. Dëst eicht Édition steet ënnert dem Thema vun der Depressioun an bezitt sech zu der nationaler Preventiounscampagne « Depressioun – komm mir schwätzen driwwer ».

Dëse Projet ass am Kader vum Plan National de Prévention du Suicide an gouf zesummen mat den fënnef Gemengen ausgeschafft (Mamer, Péiteng, Hesper, Ettelbréck an Diddeleng). D’Semaine steet och ënner dem Haut Patronage vum President vun der Chamber, Monsieur Mars Di Bartolomeo an der Gesondheetsministesch, Madamm Lydia Mutsch.

Jiddereen ass häerzlech invitéiert an all Evenementer vun der Semaine sinn gratis.

Weider Informatiounen fannt dir op www.semainesantementale.lu

Programme Semaine de la Santé Mentale_final

 

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits