Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’ALA sicht weiderhin nach een Freelance Psychologue

D’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer sicht e Psycholog freelance (m/w)

 

Réf. FRE_PSY_2-2020

Däi Profil:
• Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
• Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
• Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
• Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Gutt informatesch Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Kenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an
iwwer d’Fleegeversécherung
• Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwe kënnen
• Diplom als Psycholog
• Führerschäin an eegenen Auto

Deng Aufgaben:
• Psychologesch a moralesch Ënnerstëtzung, Berodung an Orientéierung fir
Persoune mat Demenz an hiert Ëmfeld
• Begleedungsqualitéit weiderentwéckelen duerch geziilte psychologesch Interventiounen
• Suivi an Duerchféierung vun Ënnerstëtzungsmoossnamen am Kader vun der
Fleegeversécherung

Mir bidden dir:
• All Dag eng nei Erausfuerderung déi deng Kreativitéit an däin Asaz freet
• D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll
ze schaffen
• Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projete matwierken
• Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchféieren
• Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
• Aussiicht eng Referenzpersoun ze ginn

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schécks du w.e.g. un déi ënne genannten
Adress. Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.
Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer.lu

PSY 2020 ALA

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits