Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

De Familljen-Center recrutéiert een Psycholog

De « FAMILLJEN-CENTER », d’A.s.b.l. Consultation et Préparation Familiale, sicht

 

1 Member an eisem psychologesche Berodungsservice (m/f/d) fir 20 – 25 Stonnen d’Woch (CDD, Vertriedung Congé de Maternité/Congé parental) vum 15. Juni 2022 un.

 

Erwaardungen :

  • Profession de base:  Psycholog* (Master) oder Pädagog* (Master)
  • Interessi u Statistik/Dateverwaltung
  • Kenntnisser an Dateverwaltungsprogrammer (FileMaker Pro) an Excel
  • Beruffserfarung an der Aarbecht mat Eenzelklienten, Koppelen,Familljen (Berodung, Aktivitéiten, Formatioun)
  • Disponibilitéit fir flexibel Aarbechtszäiten a -plazen
  • Respekt vis-à-vis vun ënnerschiddleche Liewensweisen/Weltanschauungen, sexuell Orientéierungen an Identitéiten (LGBTI),

 

Vu Virdeel sinn :

  • eng Formatioun a psychologescher oder pädagogescher Berodung (Systemik, Mediatioun, etc.)
  • zousätzlech Sproochen

 

Aarbechtsprofil :

  • Mataarbecht an eisem pluridisziplinäre Berodungsteam
  • Planung a Leedung vu Gruppenaktivitéiten
  • Aarbecht am Reseau mat aner Servicer

 

 

All Kandidate musse fléissend lëtzebuergesch, franséisch an däitsch schwätzen a schreiwe kënnen.

Salairen a Konditioune vum CCT SAS , C7-Posten.

E Suivi am Kader vun engem CDI ass net ausgeschlass.

 

So bewerben Sie sich:

Schéckt eis w.e.g di folgend Dokumenter bis spéitstens den 31. Mee 2022:

motivéiert Demande, CV mat rezenter Foto, Kopië vun den Diplomer / Zertifikaten, evtl. Homologatioun, rezenten Extrait vum Casier judiciaire.

 

Kontakt :

Familljen-Center

John Weber, chargé de direction

4, rue G.C. Marshall

L-2181 Luxembourg

info@familljen-center.lu

www.familljen-center.lu

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits