Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES sicht 1 PSYCHOLOG/PSYCHOTHERAPEUTE

SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES a.s.b.l.
Sicht
1 PSYCHOLOG/PSYCHOTHERAPEUTE (m/w)
fir säi Service Impuls Lëtzebuerg Stad
40 Stonnen/Woch – CDI Kollektivvertrag SAS
fir direkt oder no Ofsprooch

är Aufgab

• Eenzelgespréicher mat Jugendlechen am Alter vun 13-21 Joer
• Familjegespréicher
• Begleedung vu Jugendlecher
• Gruppeninterventioune CHOICE/ECHO/ProST
• Formatiounen a Supervisioune fir Professioneller

äre beruffleche Profil
• Een hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (m/w)
• Beruffserfahrung am Beräich Jugendlecher an Drogen ass vu Virdeel
• Eng therapeutesch Ausbildung ass vu Virdeel
• All Kandidat muss gutt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätze kënnen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

äre perséinleche Profil
• Dir sidd respektvoll, verantwortungsbewosst, kreativ, flexibel a motivéiert fir mat vill Engagement an engem Team ze schaffen an hutt Bereetschaft fir Weiderbildungen ze maachen

mir bidden
• Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib an Equipe ze sinn
• de CCT SAS Kollektivvertrag
• een ofwiesselenden Aarbechtsberäich
• ee Betrib wou de Mënsch am Virdergrond steet

Am Fall vun enger Astellung froe mir d’ Extraits vum Casier 3, 4 a 5

D ‘Kandidature mat Liewenslaf, Foto, Kopie Diplom, an néideg Ënnerlage, kënne bis den 19.03.2021 u folgend Adress geschéckt ginn:

SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES a.s.b.l.
123, RUE ADOLPHE FISCHER ● L-1521 Luxembourg
CONTACT@S-J.LU

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits