Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’Lëtz. Rout Kräiz sicht een Psychotherapeut (m/w) CDI 30-40H

D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

fir säin neie Centre Socio-thérapeutique, an enger éischter Phase zu Wuelessen an spéider zu Kautebaach, eng pluridisziplinär Equipe.

Déi nei sozio-therapeutesch Struktur huet als Missioun Kanner aus dem Enseignement Fondamental an hir Famillen a schwierege Situatiounen (situations de détresse scolaire) duerch ee ganzheetlecht Hëllefsugebuet ze begleeden an ze ënnerstëtze mam Ziel t‘Kanner dauerhaft an der Reegelschoul ze intégréieren.

Dofir siche mir am CDI fir 30-40 Stonne/Woch een:

Psychotherapeut (m/w) (réf : AN1809-00694)

Missioun:

  • Eng therapeutesch Begleedung a Betreiung, déi op de spezifesche Besoin vun de Kanner ugepasst ass

Profil:

  • Unerkannten Diplom als Psycholog a Qualifikatioun als Psychotherapeut
  • Beruflech Erfahrung am sozio-pädagogesche Beräich
  • Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet an Verantwortungsbewosstsäin
  • Zousätzlech Formatiounen an der déieregestützten Therapie, Erliefnespädagogik, Spieltherapie, Konschttherapie oder Familljentherapie si vun Virdeel
  • Déi 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen

D‘Kandidature sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt ginn.

Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits