Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Dossier Exonération TVA pour actes de santé publique

 

Update 09.2017

Extrait Newsletter 3-2017

Chers membres, nous avons le plaisir de vous annoncer que suite à des échanges avec la direction de l’administration de l’enregistrement et des domaines, un de nos membres du conseil d’administration s’est vu accorder une exonération de la TVA pour la facturation de ses actes psychothérapeutiques. Par conséquent, nous vous invitons à prendre contact avec votre conseiller/comptable afin d’adapter vos déclarations de la TVA en fonction. Notez que cette exonération ne concerne que les actes de santé publique et ne vaut pas pour les autres actes réalisés par des psychologues (tests psychologiques, formation, coaching, etc.).

Update 04.2018

Extrait aus dem Exposé vum Maître Jean Philippe LAHORGUE, Avocat à la Cour, deen mir op d’AG agelueden haten.

De Maître LAHORGUE huet eng vun eise Memberen an engem Rechtsträit mat der Administration de l’Enregistrement et des Domaines (AED) betreffend d’Exonératioun vun der TVA vun psychologesch an psychotherapeutesch Akten vertrueden. De Rechtsträit huet sech iwwert e puer Joëer gezun, d’AED wär nom éischten Uerteel (Oktober 2015) an Appel gaangen an huet och am Appel verluer.

D’Essenz vum Jugement seet Folgendes: Psychologesch an psychotherapeutesch Akten vun Psychologen zum Zweck vun der Santé publique sinn betreffend d‘TVA als exoneréiert unzegesinn, wann dës Dérogatioun och fir aner „Opérateuren“ an demselwechten Aktivitéitssecteur gëllt (zB. wéi fir eng Consultatioun beim Dokter). « Le principe de neutralité fiscale s’oppose à ce que des opérateurs économiques effectuant les mêmes opérations soient traités différemment en matière de perception de la TVA ». D’Uerteel huet ebenfalls festgehal, dat dëst souwuel fir fräischaffend wéi och fir ugestallten Psychologen gëllt. « La disposition n’exclue pas du bénéfice de l’exonération les personnes physiques exploitant une entreprise. »

Fir dës Zort vun Akten (Actes de Santé publique) brauch e Psycholog also keng TVA opzehiewen. D‘Mentioun dat dës Rechnung exoneréiert ass, -prestations de soins exonérées de TVA en application de l’article 44 LTVA- muss awer onbedéngt op der Rechnung stoen! De Maître LAHORGUE huet erkläert dat Psychologen, déi just « Actes de Santé publique » maachen, och keng TVA Nummer (méi) brauchen. Dëst gëllt awer natirlech weiderhin net fir aner Prestatiounen vun Psychologen wéi zum Beispill Formatioun, Coaching, Recrutement, asw…

Falls Dir vun dëser Problematik betraff sidd, roden mir Iech mat ärem Conseiller/ Comptabel Kontakt opzehuelen. Am Numm vun eise betraffenen Memberen soen mir dem Mâitre LAHORGUE nach eng Kéier ausdrécklech Merci! Falls Dir seng Servicer braucht, hei seng Kontaktdonnéen:

Maître Jean Philippe LAHORGUE
Avocat à la Cour
10, rue Mathias Hardt
L-1717 Luxembourg
Tél. : (+352) 24 61 30 211

 

 

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits