{"id":15971,"date":"2024-09-09T16:24:48","date_gmt":"2024-09-09T16:24:48","guid":{"rendered":"https:\/\/dev2026.slp.lu\/for-the-public\/"},"modified":"2025-01-29T14:51:53","modified_gmt":"2025-01-29T14:51:53","slug":"fir-deffentlechkeet","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/fir-deffentlechkeet\/","title":{"rendered":"Fir de Public"},"content":{"rendered":"\n\n\t\t\t\t\t\t\t\t\t\t<h4 tabindex=\"0\">Wat ass den \u00cbnnerscheed t\u00ebscht engem Psycholog, engem Psychotherapeut an engem Psychiater?<\/h4>\n\t\t\t\t\t<p><strong>Psychologe<\/strong> si w\u00ebssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement (Denken, Fillen, Erliewen) a Verhale vum M\u00ebnsch. Si gi qualifiz\u00e9iert duerch een Universit\u00e9itsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS).<\/p>\n<p>Psychologen schaffen a ganz \u00ebnnerschiddleche Ber\u00e4icher, z.B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erz\u00e9iung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen.<\/p>\n<p><strong>Psychologen bidden Iech an de verschiddensten Ber\u00e4icher professionell H\u00ebllef fir \u00e4r Problemer effikass ze bew\u00e4ltegen !<\/strong><\/p>\n<p>Klinesch Psychologe schaffen am Ber\u00e4ich vun der psychescher Gesondheet. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt.<\/p>\n<p>De Beruff vum Psycholog ass onverst\u00e4ndlecherweis hei zu L\u00ebtzebuerg nach \u00ebmmer net gesetzlech regul\u00e9iert!<\/p>\n<hr \/>\n<p><strong>Psychiateren <\/strong>sinn Medezinner d\u00e9i sech no hirem Medezinstudium um Gebitt vun der Psychiatrie spezialis\u00e9iert hunn. De Beruff vum Psychiater ass gesetzlech gesch\u00fctzt.<\/p>\n<hr \/>\n<p><strong>Psychotherapeute<\/strong> si Psychologen oder Medezinner (meeschtens Psychiateren) mat enger staatlech unerkannter Zousazausbildung an der Psychotherapie. D&#8217;Aus\u00fcben vun der Psychotherapie ass gesetzlech gesch\u00fctzt.<\/p>\n<p>\u00a0<\/p>\n<p>Klinesch Psychologen, Psychotherapeuten a Psychiateren h\u00ebllefen Iech effikass bei der Bew\u00e4ltegung vu psychesche St\u00e9ierungen a Krankheeten, Verhalensst\u00e9ierungen oder soss Problemer d\u00e9i intensive psychesche Stress oder Nout verursaachen.<\/p>\n<p>Hir Interventiounen erlaben positiv Ver\u00e4nnerungen, besonnesch am\u00a0 kognitiven am emotionale Ber\u00e4ich, am Verhalen, an t\u00ebschem\u00ebnschleche Bez\u00e9iungen, an der Pers\u00e9inlechkeet a vum Gesondheetszoustand.<\/p>\n\t\t\t\t\t\t\t\t\t\t<h4 tabindex=\"0\">Remboursement<\/h4>\n\t\t\t\t\t<h3>Beim Psycholog<\/h3>\n<p>Am G\u00e9igesaz zu dene meeschten L\u00e4nner an Europa an am G\u00e9igesatz zu aneren Gesondheetsberuffer ginn Consultatiounen beim fr\u00e4ischaffenden klineschen Psycholog hei zu L\u00ebtzebuerg onverst\u00e4ndlecherweis <strong>net<\/strong> vun der CNS Gesondheetskees en charge gehol!<strong><br \/><\/strong><\/p>\n<p>A verschidden \u00ebffentlechen a vum Staat konventionn\u00e9ierten Strukturen souw\u00e9i a Spid\u00e4ler sinn d&#8217;Servicer awer gratis oder reduz\u00e9iert.<\/p>\n<p>Kanner a Jugendlecher k\u00ebnnen gratis duerch den Office national de l&#8217;enfance (ONE) en charge gehol ginn.<\/p>\n<p>Verschidden Zousatzkrankeversecherungen k\u00ebnnen een deelweisen Remboursement propos\u00e9ieren. Frot bei hinnen no.<\/p>\n<h3>Psychotherapie bei engem Psychotherapeut<\/h3>\n<p>D&#8217;psychotherapeutesch Akten ginn vun der nationaler Gesondheetskees (CNS) rembours\u00e9iert. Weider Informatiounen fann dir <strong><a href=\"https:\/\/cns.public.lu\/de\/assure\/remboursements\/prestations-remboursees\/prestations-medicales\/psychotherapie.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a><\/strong><\/p>\n<p>A verschidden \u00ebffentlechen a vum Staat konventionn\u00e9ierten Strukturen souw\u00e9i a Spid\u00e4ler sinn d&#8217;Servicer gratis.<\/p>\n<p>Kanner a Jugendlecher k\u00ebnnen gratis duerch den Office national de l&#8217;enfance (ONE) en charge gehol ginn.<\/p>\n<p>Verschidden Zousatzkrankeversecherungen k\u00ebnnen een deelweisen Remboursement propos\u00e9ieren. Frot bei hinnen no.<\/p>\n\t\t\t\t\t\t\t\t\t\t<h4 tabindex=\"0\">Wat ass Psychotherapie?<\/h4>\n\t\t\t\t\t<p>Psychotherapie ass ee gezielten, professionellen a meeschtens l\u00e4ngerfristegen Traitement mat H\u00ebllef vun enger psychotherapeutescher Method \u00a0vu psychesche St\u00e9ierungen a Krankheeten , Verhalensst\u00e9ierungen oder soss Problemer d\u00e9i intensive psychesche Stress oder Nout verursaache.<\/p>\n<p>D&#8217;Behandlung erlaabt positiv Ver\u00e4nnerunge a ville Ber\u00e4icher beim Patient: a sengem Denken, Fillen an Erliewen, a sengem Verhalen a senge t\u00ebschem\u00ebnschleche Bez\u00e9iungen, an senger Pers\u00e9inlechkeet an folglech och an sengem Wuelbefannen an sengem Gesondheetszoustand.<\/p>\n<p>Psychotherapie geet iwwer psychologesch Berodung, Bereetstellung vu psychologescher H\u00ebllef an Bew\u00e4ltegungs\u00ebnnerst\u00ebtzung vun aktuelle psychologescher Problemer raus.<\/p>\n<p>G\u00e4ngeg Methoden an der Psychotherapie sinn z. B. kognitiv-behavioral Therapien, systeemesch Therapien, psychodynamesch und humanistesch Us\u00e4tz.<\/p>\n<p>Kl\u00e4ert mat \u00e4rem Psycholog-Psychotherapeut oder Psycholog of, ob eng Psychotherapie an \u00e4rem Fall ubruecht ass.\u00a0<\/p>\n\t\t\t\t\t\t\t\t\t\t<h4 tabindex=\"0\">De Studium vun der Psychologie<\/h4>\n\t\t\t\t\t<p>Psychologie ass eng w\u00ebssenschaftlech Disziplin, d\u00e9i e ganz vaste\u00a0 Spektrum vun Aarbechtsfelder ofdeckt a soumat eng grouss Unzuel vu Spezialisatiouns- a Berufsm\u00e9iglechkeeten ubitt, sou z.B. klinesch Psychologie, Neuropsychologie, psychologesch Berodung am schouleschen a p\u00e4dagogesche Kontext, Entw\u00e9cklungspsychologie oder Gerontopsychologie.<\/p>\n<p>Aner Uwendungsfelder sinn Aarbechts- an Organisatiounspsychologie, Coaching, Werbepsychologie, Ergonomie, Verk\u00e9iers- a Fluchpsychologie, Forensik, Arm\u00e9i- a Policepsychologie oder Sportspsychologie.<\/p>\n<p>Sidd Iech bewosst dat e Studium vu 5 Joer (300 ECTS) am Haaptfach Psychologie op enger unerkannter Uni Virausetzung ass!<\/p>\n<p>Fir m\u00e9i Informatioune zum Studium vun der Psychologie, kuckt hei\u00a0 <a href=\"https:\/\/mengstudien.public.lu\/de.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">mengstudien.lu<\/a> \u00a0<\/p>\n<p>Weider Renseignementer bei eiser Partnerorganisatioun <a href=\"https:\/\/alep.lu\/\">ALEP<\/a> \u00a0<\/p>\n<p>Hei de <a href=\"https:\/\/www.slp.lu\/wp-content\/uploads\/psychologue-2019.pdf\">Link<\/a> op eng Brochure aus dem Joer 2019 iwwer de Studium vun der Psychologie an der Psychotherapie<\/p>\n\t\t\t\t\t\t\t\t\t\t<h4 tabindex=\"0\">Stagen an der Psycho<\/h4>\n\t\t\t\t\t<p>D&#8217;SLP propos\u00e9iert selwer keng Stagen.<\/p>\n<p>Kontakt\u00e9iert eis Partnerassociatioun d&#8217;ALEP (d\u00e9i suguer eng Bourse de stages offr\u00e9iert) fir Informatioune zu Stagen oder benotzt d&#8217;Filteren am SLP PSYREGISTER fir Memberen an Institutioune ze fannen d\u00e9i Stagen propos\u00e9ieren.<\/p>\n\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Wat ass den \u00cbnnerscheed t\u00ebscht engem Psycholog, engem Psychotherapeut an engem Psychiater? Psychologe si w\u00ebssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement (Denken, Fillen, Erliewen) a Verhale vum M\u00ebnsch. Si gi qualifiz\u00e9iert duerch een Universit\u00e9itsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS). Psychologen schaffen a ganz \u00ebnnerschiddleche Ber\u00e4icher, z.B. an der klinescher Psychologie, an&hellip;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"_acf_changed":false,"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"class_list":["post-15971","page","type-page","status-publish","hentry"],"acf":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/15971","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=15971"}],"version-history":[{"count":21,"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/15971\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":21185,"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/15971\/revisions\/21185"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.slp.lu\/lb-lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=15971"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}