Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Op der Schock sicht een Psycholog (CDI 20H)

Op der Schock, asbl stellt an:

1 Psycholog (m/f/n), CDI 20 St./Woch fir eise Service Berodung a Suivi zu Réiden

Missioun:
 Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
 Ënnerstëtzung ginn an schwieregen Situatiounen
 Zesummenschaffen an engem multidisziplinären Team (Austausch, Concertatioun, Coordinatioun..)

Qualifikatioun a Kompetenzen:
 Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog
 Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
 Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
 Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
 Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
 Flexibilitéit an Teamfähegkeet
 Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:
 Horaire : Nomëttes vun 14h-18h
 CDI
 Salaire a Konditioune vum CCT SAS
 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
 Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81
E-mail: recrutement@ods.lu

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits