Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Invitatioun 4. Ethik-Café / Les écrits professionnels

D’Commission Consultative de Déontologie invitéiert op hire 4. Ethik-Café

Les écrits professionnels

Am Kader vu sengen Aktivitéiten ass de Psycholog reegelméisseg mat schrëftlechen Produktiounen konfrontéiert, sief et seng eege Notizzen oder ganz oft Rapporten, Attestatiounen an Conclusiounen iwwer seng Aarbecht mat engem Patient oder Client. Egal wéi eng Form d Schreiwes huet, kommen schnell ethesch Froen op déi oft net direkt ersiichtlech sinn. Dohier invitéiere mir zur Diskussioun ronderëm 2 zentral Froen an dem Kontext.
Gëtt et e Kader fir d’Écrits professionnels vum Psycholog ?
Wat sinn d’Risiken an d’Niewewierkungen?

Mat engem kuerze philosopheschen Abléck fir unzefänken
an enger Introduktioun iwwert ethesch a juristesch Aspekter.

Dënschdes den 25.Februar 2020 vun 18.30 – 20.00 Auer
Am Restaurant Porta Nova (de Sall direkt bei der Entrée)
14, avenue de la Faïencerie L-1510 Luxembourg

Et wär flott, wann dir iech géingt hei aschreiwen:
https://doodle.com/poll/2p5bsrzgwy75ksms

Den Entrée ass fräi.

Hei de Link op den PDF invit_ethik_4

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits