Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
De Grupp Elisabeth sicht ee Psycholog 32ST/W CDI
De Grupp Elisabeth sicht ee Psycholog 32ST/W CDI
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Berodung, Begleedung a praxisno, themespezifesch Ënnerstëtzung vu Bezuchsbetreier an Equippen an der ressourcenorientéierter Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller an / oder kierperlecher Beanträchtegung
- Entwécklungs -an Differenzialdiagnostik
- Intern an extern Weiderbildung
- Kooperatioun mat internen an externe Fachdéngschten
- Entwécklung an Ëmsetze vu multiprofessionelle Projeten (z.B. Palliative Care, Sexualpädagogik)
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (m/w) (eng psychotherapeutesch Ausbildung oder déi ugefang ass, wier vu Virdeel)
- Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller an/oder kierperlecher Beanträchtegung
- Erfarung an der Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen
- Gutt Kenntnisser an der Entwécklungspsychologie an der Diagnostik
- Weiderbildungen am Beräich Handicap si vu Virdeel
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Gutt Kenntnisser a Wuert a Schrëft vun dene 3 Landessproochen
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Wertschätzung a Kooperatiounsfähegkeet
- Flexibilitéit
- Teamfähegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren