D’ROUT KRÄIZ SICHT EEN PSYCHOLOG/PSYCHOTHERAPEUT FIR DEN SERVICE „PSY-JEUNES“
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog.in / Psychotherapeut.in – Referenz: 4409
fir seng nei Struktur vum Service „Psy-Jeunes“ – psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner vun 0 bis 12 Joer – am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI)
Missioun:
Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner mat hiren Bezuchspersounen bei ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung
Profil:
Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
Formatioun am Beräich vun der psychologescher/psychotherapeutescher Begleedung vun Puppelcher an Klengkanner an hiren Bezuchspersounen
Formatioun an der Traumatherapie an Bindung ass vun Virdeel
Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat klengen an groussen Kanner
Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
Liichtegkeet am Kontakt mat Leit
Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstes
Mir bidden:
En Kontrakt am CCT SAS Kollektivvertrag
Eng dynamesch Equipe an där Mënschlechkeet am Zentrum vum Alldag steet
Intervisioun, Supervisioun an d‘Méiglechkeet sech weiderzebilden
D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5
Rezent Annoncen
- Op der Schock stellt een Psycholog an
- CJF – Grandir ensemble – Zesumme Wuessen recherche un psychologue (H/F/X)
- Annonce : Responsabel Famillienaarbecht – aide à l’enfance
- Le CPATS recherche un(e) formateur(rice)/psychologue/pédagogue
- Interesse an einer Freelance Tätigkeit als Psychotherapeut oder Psychologe in Ettelbruck?