Psyregister

Psychologe si wëssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement (Denken, Fillen, Erliewen) a Verhale vum Mënsch. Si gi qualifizéiert duerch een Universitéitsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS).

Psychologe schaffen a ganz ënnerschiddleche Beräicher, z.B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen.

Psychologen bidden Iech an de verschiddensten Beräicher professionell Hëllef un fir är Problemer effikass ze bewältegen!

De Beruff vum Psycholog ass nach net gesetzlech reglementéiert.

Klinesch Psychologe schaffen am Beräich vun der psychescher Gesondheet. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt.

 

Psychotherapeute si Psychologen oder Medezinner (meeschtens Psychiateren) mat enger staatlech unerkannter Zousazausbildung an der Psychotherapie.

Psychotherapie ass eng gezielte professionell a längerfristeg Behandlung vun psychesche Stéierungen a Krankheeten unhand vun enger psychotherapeutescher Method. Klärt mat ärem Psychotherapeut of ob eng Psychotherapie ubruecht ass.

D’Ausübung vun der Psychotherapie ass gesetzlech geschützt.

Beim Psycholog

Am Géigesaz zu dene meeschten Länner an Europa an am Géigesatz zu aneren Gesondheetsberuffer ginn Consultatiounen beim fräischaffenden klineschen Psycholog hei zu Lëtzebuerg net vun der Gesondheetskees en charge gehol.

A verschidden ëffentlechen a vum Staat konventionnéierten Strukturen souwéi a Spidäler sinn d’Servicer awer gratis oder reduzéiert.

Kanner a Jugendlecher kënnen gratis duerch den Office national de l’enfance (ONE) en charge gehol ginn.

Verschidden Zousatzkrankeversecherungen kënnen een deelweisen Remboursement proposéieren. Frot bei hinnen no.

Beim Psychotherapeut

D’psychotherapeutesch Akten ginn vun der nationaler Gesondheetskees (CNS) rembourséiert.

Weider Informatiounen fann dir hei

A verschidden ëffentlechen a vum Staat konventionnéierten Strukturen souwéi a Spidäler sinn d’Servicer gratis.

Kanner a Jugendlecher kënnen gratis duerch den Office national de l’enfance (ONE) en charge gehol ginn.

Verschidden Zousatzkrankeversecherungen kënnen een deelweisen Remboursement proposéieren. Frot bei hinnen no.

Brauch Dir professionell Hëllef duerch een Psycholog oder Psycholog-Psychotherapeut?

An dësem Register fann Dir Experten aus deene verschiddene Fachgebidder vun der Psychologie déi Iech gären eng professionell Hëllef ubidden.

Benotzt d‘Filteren fir déi benéidegt Hëllef ze fannen. Dir kënnt an all Dropdown-Feld verschidde Critèren auswielen.

Falls Dir net déi benéidegt Kategorie fannt, benotzt Stéchwierder (ADHS, IQ Test, Mobbing a.s.w. ..) oder Nimm an der Volltextsich.

D'Resultater vun ärer Sich ginn ënnert de Filteren ugewiesen.

Scraping data from PSYREGISTER for commercial purposes is specifically prohibited and violates the GDPR rights of SLP members.