Praxis zu Ettelbréck sicht Psychotherapeuten & Psychologen

📢 Psychologie- & Psychotherapiepraxis zu Ettelbréck – Psychotherapeuten & Psychologen gesicht
Moien alleguer,
Eis Praxis huet viru ronn engem hallwe Joer hir Dieren opgemaach an huet sech zënterhier konsequent entwéckelt. Mëttlerweil si mir en Team vun zwou Psychologinnen an engem Psycholog, a fir di nächst Etapp wëlle mir eis Struktur weider ausbauen.
Mir sichen dofir Psychotherapeuten oder Psychologen, déi un enger fräiberufflecher a flexibeler Zesummenaarbecht interesséiert sinn.

🎯 Wien passt gutt bei eis?
– Psychotherapeuten (wou mir och schonn eng Liste d’attente hunn)
– Psychologen (wou déi nächst Ufroen direkt un de néie Mataarbechter ginn)

🏡 Wat mir ubidden:
✔ Voll equipéiert, modern Praxisraim zu Ettelbréck an der Foussgängerzon
✔ Digital Praxissoftware (Patientendossieren, Rechnungen, Buchhaltung)
✔ Online-Buchungssystem fir d’Patientenvergab
✔ Flexibel Aarbechtsgestaltung: vun e puer Stonnen d’Woch bis 20 Stonne+
✔ Regelméisseg Intervisioun (Fallbespriechungen) am Team (ongeféier eemol pro Mount)
✔ Hëllef bei den Démarchen vun der Selbststännegkeet
✔ Kollegiaalt a rouegt Praxisëmfeld, wou Qualitéit am Mëttelpunkt steet

🔎 Firwat elo?
Mir wëllen eis Praxis strukturell a fachlech weider ausbauen, fir méi verschidde Schwéierpunkten ofdecken ze kënnen an e méi breet Berodungsugebot ze bidden. Dobäi leeë mir Wäert op Professionalitéit, Zesummenhalt an eng gutt organiséiert Struktur.
Méi Informatioune zu onser Praxis fannt Dir op eiser Homepage: 👉 www.benoitney.lu
Zousätzlech zu de psychologeschen Interventiounen, ginn ons Raimlechkeeten och vun enger Dieteticienne an enger Kierpertherapeutin genotzt.

📩 Interesse oder Froen?
Mellt Iech gären per E-Mail op info@benoitney.lu