Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht een diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut

D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht, fir säin Team ze verstäerken, een

diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)

CDI (30-40 St/W)

Engagement no der CCT SAS

 

Är Missiounen :

  • Berodung a Begleedung vu Persoune/Familje mat enger rarer Krankheet
  • Suivi a Gestioun vun den Dossieren
  • Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich
  • Bedeelegung un internen a nationalen Projeten
  • Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team

 

Äre Profil :

  • Autorisatioun fir als diploméiert(e) Psycholog(in) an Psychotherapeut(in) zu Lëtzebuerg ze schaffen
  • All zousätzlechen Diplom an der Therapie ass vu Virdeel
  • Minimum 3 Joer Beruffserfarung ass erwënscht
  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Gudde Kontakt mat de Leit, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
  • Organisatiounssënn an Autonomie
  • Führerschäin Klass B

 

Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze

bis den 1ten Februar 2024 un:

Gwennaëlle Crohin, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc

Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder gwenn.crohin@alan.lu

 

Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier

Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits