Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Op wat wäert Lëtzebuerg fir de Beruff vum Psycholog ze reglementéieren?

Säit ronn 2 Joer huet d’SLP verschidde Ministère en vue vun enger Reglementatioun vum Beruff vum Psycholog kontaktéiert, mee bis elo gouf et kee Gehéier. Dës Absence vun enger Reglementéierung léist Dier an Aangel op fir méiglechen Abus an verhënnert dass de Matbierger hei zu Lëtzebuerg virun „Pseudo-Psychologen“ mat ongenügender psychologescher Ausbildung a Kompetenz geschützt gëtt. Ëmsou méi schwéier novollzéibar dass vu Säiten vun de Ministère keng Ënnerstëtzung kënnt.

Aner Länner an der EU hunn aus dësem Grond scho säit Joren de Beruff reglementéiert. Lëtzebuerg ass eent vun deene leschte EU Länner wou dat net de Fall ass.

D’SLP huet elo en vue vun de Chamberwalen 2023 e Communiqué un all d’Parteien am Land verschéckt an der Hoffnung dass si eis Fuerderung zur Verbesserung vun dësem Mëssstand ënnerstëtzen.

Hei nach e Link op ee RTL Reportage https://www.rtl.lu/news/national/a/1998058.html

 

 

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits