Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

SOS Détresse sicht e psycho-soziale Mataarbechter (m/w/d)

Sujet : SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an Online a.s.b.l. sicht

e psycho-soziale Mataarbechter (m/w/d)

Onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) – 20 Stonnen/Woch

Mir sichen e Mataarbechter aus dem psycho-soziale Beräich mat enger psychotherapeutescher Formatioun fir d’Besoine vun eisem Service an den Encadrement vun eise Benevollen an der Telefonsberodung.

Är Missiounen an Aufgaben:

  • Ausbildung vu Benevollen
  • Encadrement vu Benevollen am Alldag
  • Supervisioun vu Benevollen
  • Konzeptioun an Duerchféierung vu Weiderbildunge fir eis Benevollen
  • Redaktiounsaarbecht: Berichter, Dokumentatioun, Konzeptualiséierung

Äre Profil a Kompetenzen:

  • Master- oder Diplomofschloss an engem psycho-soziale Beräich: Psychologie, Pädagogik, Heilpädagogik, Soziologie oder änlecher
  • Psychotherapeutesch Formatioun mat humanistescher oder systemescher Approche
  • Beruffserfarung am psycho-soziale Beräich vun op d’mannst 3 Joer
  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an am Däitschen, gutt Kenntnisser am Engleschen a Franséischen
  • Beherrsche vun der Software Word, Excel, Powerpoint, souwéi gudden Ëmgang mat

Computerprogrammen am Allgemengen

  • Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten (Verfügbarkeet owes eemol pro Woch)
  • Führerschäin B an en Auto zur Verfügung
  • Aarbechtssënn, deen eiser Organisatioun entsprécht: Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie, Verständnis fir Mënschen an Noutsituatiounen oder akute Krisen
  • Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeet, Fäegkeet, autonom an am Team ze schaffen
  • Wäerter a Sensibilitéit am Zesummenhang mam fräiwëllegen Engagement

Mir bidden Iech eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.

D’Plaz ass ab direkt ze besetzen an op onbegrenzten Zäit.

Interesséiert Persoune kënnen hir Bewerbung mat enger Lettre de Motivation, engem ausféierlechen CV, Kopie vun Diplomer an Zertifikater an enger aktueller Foto un de Chargé de direction, den Här Sébastien Hay, ënner administration@sosdetresse.lu schécken.

Bewerbungen, déi déi erfuerdert Critèren net erfëllen, ginn net berécksiichtegt. Bei enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Casier Judiciaire verlaangt. D’Remuneratioun ass nom SAS

Kollektivvertrag (Carrière C7).

MbG

Susana Campos

Psychologue diplômée

 Tel.: +352 44 38 81
E-Mail: 
susana.campos@sosdetresse.lu

 

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits