Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

FAQ

Op dëser Säit fannt Dir Äntwerten op oft gestallte Froen.

F: Ass d’Psychotherapie zu Lëtzebuerg gesetzlech geregelt?

Ä: Jo d’Psychotherapie as an engem Gesetz vum 24ten Juli 2015 geregelt, deemno kann nët méi jiddereen sech Psychotherapeut nennen an Psychotherapie praktizéieren. Mir hun eng speziell Säit op dëser Homepage opgeriicht wou Dir all aktualiséiert Informatioun zum Gesetz fannen kënnt. Klickt hei fir méi Informatiounen.

F: Kann ech Member vun der SLP ginn, och wann ech keen ausgebildte Psycholog sinn?

Ä: Jo. Dir kënnt der Gesellschaft als associéierte Member bäitrieden. Informatiounen zu den néidege Qualifikatiounen an Prozedure fannt Dir an eiser Member-Sektioun.

F: Wéi eng Leeschtunge kann ech mer als Member vun der SLP erwaarden?

Ä: Als Member vun der SLP hutt Dir Urecht op eng Rëtsch Servicer, jee no Ärem Memberstatut. – Als Haaptmember (mat engem Diplom an der Psychologie), kënnt Dir ouni Käschten an eisem Onlineannuaire vun den zertifizéierte Psychologen (PSYLUX) figuréieren, Dir hutt d’Wahlrecht op eiser jäerlecher Generalversammlung an dir kënnt vu speziellen Offere vun der SLP an hire Partner profitéieren (i.e. fräi Entrée zu Konferenzen, speziell Präisser fir EFPA- oder BPS-Journals…) – Als associéierte Member kënnt Dir och vun eise speziellen Offeren oder deene vun eise Partner profitéieren.

F: Kann ech e registréierten Notzer vun der SLP-Websäit ginn, ouni Member ze sinn?

Ä: Jo, Dir kënnt Iech gratis als Online-Notzer hei aschreiwen an esou Zougang zu allen SLP-Onlinedéngschter kréien.

F: Wisou wëll d’SLP all déi Dokumenter, fir mech als Haaptmember unzehuelen?

Ä: Den Zweck vun dëser méi strenger Prozedur ass folgenden: De Verwaltungsrot kann attestéieren, dass all Haaptmember vun der SLP iwwert en Diplom an der Psychologie verfügt. Deemno kann och all potentielle Client sécher sinn, dass déi néideg akademesch Ausbildung virläit. Den offizielle Beleg vum akademeschen Titel entsprécht op där aner Säit de gesetzlechen Obligatiounen.

F: Wat sinn d’Viraussetzungen fir eng Tätegkeet als Psycholog am öffentlechen Déngscht?

Ä: Psychologen, déi eng Carrière am ëffentlechen Déngscht envisagéieren, fir déi een also de Staatsexamen ofleeë muss, mussen (1) en Ofschloss vum lëtzebuerger Secondaire (oder en auslänneschen Diplom, dee vum Lëtzebuerger Educatiounsministär als équivalent unerkannt gëtt) virweisen, an (2) en akademeschen Ofschlossdiplom vu Minimum 4 Joer Psychgologiestudien hunn, deen (3) am nationale Register vun den Héichschouldiplomer agedro muss sinn [Download Aschreiwungsfromulaire] – kuckt och: [Inscriptioun – Registre des Titres d’Enseignement Supérieur] an [Offiziell Brochure]. N.B. en Bachelordiplom an der Psychologie qualifizéiert net zu engem Posten am ëffentlechen Déngscht.

F: Wat sinn d’Viraussetzunge fir als onofhängege Psycholog, a privater Praxis ze schaffen?

Ä: Et besti momentan keng verbindlech Viraussetzungen ausser deenen, déi fir all liberal Professioun gëllen. Falls der allerdéngs keng Sozialversécherung hudd, musst Dir eng Affiliatioun beim Centre Commun de la Sécurité Sociale ufroen. Zousätzlech muss Ären Diplom am nationale Register vun den Héichschouldiplomer agedro sinn [Download Aschreiwungsfromulaire] – kuckt och: [Inscriptioun – Registre des Titres d’Enseignement Supérieur] an [Offiziell Brochure], éier Dir en notze kënnt. Dir braucht keng TVA-Nummer unzefroen, soulaang Äre jäerleche Revenu net iwwer 25.000.-€ läit (ëmfrot Iech dozou bei enger Fiduciaire!). Et gi keng festgesat Honoraire fir psychologesch oder psychotherapeutesch Leeschtungen, awer e Montant vu 70-150.-€ pro Stonn kann een als Riichtwert gesinn. Op der Websäit PSYLUX kënnt Dir Äre Profil annoncéieren a Publicitéit fir Är Déngschtleeschtung maachen (i.e. via e link op Är professionell Homepage).

F: Wéi eng Beruffer stinn de Psychologieabsolventen op?

Ä: Psychologie (i.e. de wëssenschaftleche Studium vun der mënschlecher Psyche/Verhalen an senge Funktiounen) ass eng héich diversifizéiert Disziplin, déi e breede Spektrum vu Felder ofdeckt an déi deemno eng apper Zuel vu Spezialisatiouns- a Beruffsméiglechkeete bitt. Haaptberäicher vun Spezialisatiounen (master-equivalent Studien an der ugewannter Psychologie) ëmfaasse klinesch (Neuro-)Psychologie a psychologesch Berodungs, Schoul/pädagogesch an ugewannten Entwécklungspsychologie (inklusiv Gerontopsychologie), wéi och Aarbechts- an Organisatiounspsychologie. Verkéiers- a Fluchpsychologie, forensesch Psychologie, Arméis- a Policepsychologie souwéi Sportpsychologie si weider, wann och manner heefeg Spezialisatiounsfelder. Weider Informatiounen zum Thema Beruffsfelder an der Psychologie fannt Dir op folgender Adress: www.cedies.public.lu

F: Wat ass den Ënnerscheed tëschent Psycholog a Psychiater?

Ä: Klinesch Psychologen a Psychiater schaffen allen zwee um Gebitt vun der psychescher Gesondheet a sinn am Studium vun de psychesche Stéierunge spezialiséiert (i.e. psychotesch, neurotesch, Perséinlechkeets- an Substanzbedéngte Stéierungen). Allerdéngs, während e Psychiater een an der Diagnos an der medizinescher Behandlung (d.h. psychopharmakoloesch/elektro-convulsiv) vu psychesche Krankheete spezialiséierte Mediziner ass, huet de Psycholog keen Diplom oder keng Approbatioun an der Medezin a kann dohier keng Medikamenter oder medezinesch Akte verschreiwen. Klinesch Psychologe féiere psychodiagnostesch Tester duerch a kënne Berodung a Psychotherapie ubidden. Ausserdeem kënne klinesch Psychologe Programmer zur Verhalensverännerung opsetzen an duerchféieren, déi op d’Präventioun oder Réckfallprophylax vu psychesche Stéierungen ausgeriicht sinn oder sech un der Rehabilitatioun oder der sozialer Insertioun vu Patienten orientéieren. Et gëtt eng beträchtlech Unzuel vu wëssenschaftlechen Noweiser, dass psychologesch a psychopharmakologesch Therapien als alternativ/komplementär Behandlungsmethoden, déi a ville Fäll kombinéiert sollte ginn, fir d’Behandlung vun psychesche Stéierungen z’optimiséieren, ze verstoe sinn.

D’Fach vun der Psychologie huet méi e breed gefächert Uwendungsfeld wéi dat medezinescht Deelfeld vun der Psychiatrie an net all psychotherapeutesch Agrëffer sinn op d’Behandlung vu psychesche Stéierungen ausgeriicht, vu dass Psychologen och am Beräich vun der kierperlecher Gesondheet oder der Sozialaarbecht zum Asaz kommen. Sou applizéieren zum Beispill Gesondtheetspsychologe Methoden am Kontext vun der Fërderung an dem Erhale vun der ëffentlecher Gesondheet an der Gestioun vu kierperlecher Krankheet. Ehe-, Koppel- an Familljentherapie, déi ausgeluecht sinn, fir interpersonell Fuktiounen ze verbesseren, sinn e weidert Beispill vun Déngschtleeschtungen, déi vu spezialiséierte Psychologen ausserhalb vum klinesche Setting iwwerholl ginn.

F: Wee bitt psychotherapeutesch Servicer un?

Ä. E Psychotherapeut ass gemengerhand e Medeziner oder Psycholog, deen eng erweidert fachlech Ausbildung an Psychotherapie (i.e. Kognitiv-behavioral, psychodynamesch a systemesch Therapie), zur Behandlung vu psycheschen an (psycho-)somatesche Stéierunge gemeet huet. N.B. Eng Ausbildung an der Psychotherapie ass KEEN integrale Bestanddeel vun de Léierpläng an der Medezin oder Psychologie, mee setzt fir déi zwee Beruffer eng Ausbildung (mat superviséierter Praxis) nom Studium a spezialiséierten Ausbildungsinstitutioune viraus (i.e. weiderféierend Ausbildung a psychotherapeutesche Methoden) oder un Universitéiten (i.e. weiderféierende Studium an Psychotherapie). Säit dem 24ten Juli 2015 gëtt et zu Lëtzebuerg e gesetzleche Kader, wat heescht, dass déi grondleeënd Qualifikatioun vu Psychotherapeuten iwwert e Gesetz geregelt sinn an et sou enger steigender Zuel vu selbsternannten “Psychotherapeuten” ouni adequat medizinesch/psychologesch Kenntnisser an Psychopathologie (inklusiv Psychodiagnostik) et onméiglech mécht, hir Servicer weider unzebidden. Dofir géinge mir deene Leit, déi op der Sich no psychologescher Hëllef oder Ënnerstëtzung sinn, uroden, d’Psylux-Verzeichnis ze konsultéieren.

F: Gëtt et bei der SLP d’Méiglechkeet, eng Plaz oder e Stage ze fannen?

Ä: Nee. D’SLP ass eng geméngnëtzeg Organisatioun, déi d’Beruffsinteressë vu Psychologe vertrëtt, déi awer weder Professioneller astellt, nach aner psychologesch Déngschter ubitt.

F: Wéi kann ech eng Plaz als Psycholog fannen?

Ä: Besicht folgend Siten: www.alep.lu (fir Stage a Jobofferen), www.jobsearch.lu (fir Jobannoncen) an de www.adem.lu (Website vun der Administration de l’emploi).

icon-facebookicon-twittericon-linkedin

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits