Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

FAQ

1. Ennerscheed Psycholog / Psychiater / Psychotherapeut

2. Trouver un emploi comme psychologue

3. Faire des études de psychologie

1. Ënnerscheed Psycholog / Psychiater / Psychotherapeut

F: Wat ass den Ënnerscheed tëschent Psycholog a Psychiater?

Ä: Klinesch Psychologen a Psychiater schaffen allen zwee um Gebitt vun der psychescher Gesondheet a sinn am Studium vun de psychesche Stéierunge spezialiséiert (i.e. psychotesch, neurotesch, Perséinlechkeets- an Substanzbedéngte Stéierungen). Allerdéngs, während e Psychiater een an der Diagnos an der medizinescher Behandlung (d.h. psychopharmakoloesch/elektro-convulsiv) vu psychesche Krankheete spezialiséierte Mediziner ass, huet de Psycholog keen Diplom oder keng Approbatioun an der Medezin a kann dohier keng Medikamenter oder medezinesch Akte verschreiwen. Klinesch Psychologe féiere psychodiagnostesch Tester duerch a kënne Berodung a Psychotherapie ubidden. Ausserdeem kënne klinesch Psychologe Programmer zur Verhalensverännerung opsetzen an duerchféieren, déi op d’Präventioun oder Réckfallprophylax vu psychesche Stéierungen ausgeriicht sinn oder sech un der Rehabilitatioun oder der sozialer Insertioun vu Patienten orientéieren. Et gëtt eng beträchtlech Unzuel vu wëssenschaftlechen Noweiser, dass psychologesch a psychopharmakologesch Therapien als alternativ/komplementär Behandlungsmethoden, déi a ville Fäll kombinéiert sollte ginn, fir d’Behandlung vun psychesche Stéierungen z’optimiséieren, ze verstoe sinn.

D’Fach vun der Psychologie huet méi e breed gefächert Uwendungsfeld wéi dat medezinescht Deelfeld vun der Psychiatrie an net all psychotherapeutesch Agrëffer sinn op d’Behandlung vu psychesche Stéierungen ausgeriicht, vu dass Psychologen och am Beräich vun der kierperlecher Gesondheet oder der Sozialaarbecht zum Asaz kommen. Sou applizéieren zum Beispill Gesondtheetspsychologe Methoden am Kontext vun der Fërderung an dem Erhale vun der ëffentlecher Gesondheet an der Gestioun vu kierperlecher Krankheet. Ehe-, Koppel- an Familljentherapie, déi ausgeluecht sinn, fir interpersonell Fuktiounen ze verbesseren, sinn e weidert Beispill vun Déngschtleeschtungen, déi vu spezialiséierte Psychologen ausserhalb vum klinesche Setting iwwerholl ginn.

F: Wee bitt psychotherapeutesch Servicer un?

Ä. E Psychotherapeut ass gemengerhand e Medeziner oder Psycholog, deen eng erweidert fachlech Ausbildung an Psychotherapie (i.e. Kognitiv-behavioral, psychodynamesch a systemesch Therapie), zur Behandlung vu psycheschen an (psycho-)somatesche Stéierunge gemeet huet.

N.B. Eng Ausbildung an der Psychotherapie ass KEEN integrale Bestanddeel vun de Léierpläng an der Medezin oder Psychologie, mee setzt fir déi zwee Beruffer eng Ausbildung (mat superviséierter Praxis) nom Studium a spezialiséierten Ausbildungsinstitutioune viraus (i.e. weiderféierend Ausbildung a psychotherapeutesche Methoden) oder un Universitéiten (i.e. weiderféierende Studium an Psychotherapie). Säit dem 24ten Juli 2015 gëtt et zu Lëtzebuerg e gesetzleche Kader, wat heescht, dass déi grondleeënd Qualifikatioun vu Psychotherapeuten iwwert e Gesetz geregelt sinn an et sou enger steigender Zuel vu selbsternannten “Psychotherapeuten” ouni adequat medizinesch/psychologesch Kenntnisser an Psychopathologie (inklusiv Psychodiagnostik) et onméiglech mécht, hir Servicer weider unzebidden.

Dofir géinge mir deene Leit, déi op der Sich no psychologescher oder psychotherapeutescher Hëllef oder Ënnerstëtzung sinn, uroden, den SLP Annuaire des Psychologues et des Psychothérapeutes ze konsultéieren.

 Trouver un emploi comme psychologue

F: Wéi eng Beruffer stinn de Psychologieabsolventen op?

Ä: Psychologie (i.e. de wëssenschaftleche Studium vun der mënschlecher Psyche/Verhalen an senge Funktiounen) ass eng héich diversifizéiert Disziplin, déi e breede Spektrum vu Felder ofdeckt an déi deemno eng apper Zuel vu Spezialisatiouns- a Beruffsméiglechkeete bitt. Haaptberäicher vun Spezialisatiounen (master-equivalent Studien an der ugewannter Psychologie) ëmfaasse klinesch (Neuro-)Psychologie a psychologesch Berodungs, Schoul/pädagogesch an ugewannten Entwécklungspsychologie (inklusiv Gerontopsychologie), wéi och Aarbechts- an Organisatiounspsychologie. Verkéiers- a Fluchpsychologie, forensesch Psychologie, Arméis- a Policepsychologie souwéi Sportpsychologie si weider, wann och manner heefeg Spezialisatiounsfelder. Weider Informatiounen zum Thema Beruffsfelder an der Psychologie fannt Dir an der Brochure vum Cedies zum Studium vun der Psychologie an der Psychotherapie  psychologue-2016

Q: Comment trouver un emploi comme psychologue?

Q: Quelles sont les conditions d’admissibilité pour briguer un poste dans la fonction publique?

Q: Quelles conditions sont à remplir pour briguer un poste dans le secteur privé?

Q: Quelles conditions sont à remplir pour travailler en libéral?

R: Les réponses à ces 4 questions sont réservées à nos membres.

Pour les 4 cas de figure, une adhésion à la SLP est considerée comme un avantage (par l’attestatioun supplémentaire des  diplômes par la SLP & l’engagement à respecter le code éthique de la SLP).

Être membre actif de la SLP vous permet en plus d’annoncer votre profil dans  le  SLP Annuaire des Psychologues et des Psychothérapeutes et de promouvoir vos services

Q: Est-ce que la SLP propose des emplois ou stages?

R: Non. La SLP est une ASBL défendant les intérêts des psychologues et fonctionne sur base de bénévolat. Elle ne propose ni emplois, ni stages, ni services psychologiques à des externes.

Faire des études de psychologie

  Pour des renseignements, nous vous conseillons de contacter notre association partenaire l’ALEP  (vous y trouvez également une bourse de stages pour étudiants en psycho).

Voici la brochure du Cedies concernant les études de psychologie et de psychotherapie  psychologue-2016  . D’autres renseignements utiles au  CEDIES

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits