Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

« Zrëck op d'Lëscht
Julie Arendt
Psychotherapeut

  • Mäi Profil
    Affichéierten Numm
    Julie Arendt
    Status
    Psychotherapeut
    Berusftyp
    Fräiberuflech
    Finanziell Participatioun
    Vun der CNS rembourseiert
    Sproochen
    Lëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, Englesch
    Akzepteieren Stagiaren
    Huele keng Stagiairen un
    Aarbechts Method

    Ech sinn Diplom-Psychologin a vum Ministère de la Santé unerkannte Psychotherapeutin. Spezialiséiert sinn ech an der kognitiver Verhalenstherapie/ thérapie cognitivo-comportementale. An der Verhalenstherapie ginn duerch Studien als wierksam beluechten Interventiounen agesat, fir psychescht Leiden ze reduzéieren an ze heelen. A menger Aarbecht passen ech de Choix vun den Therapiemethoden un Är Bedierfnesser an Är Liewenssituatioun un. Nieft de klasseschen Interventiounen aus der Verhalenstherapie schaffen ech och vill mat Elementer aus der sougenannte „drëtter Well“ vun der moderner Verhalenstherapie, d.h. mat Achtsamkeetsbaséierten Therapieusätz wéi d‘Acceptance and Commitment Therapy (ACT) an d‘Dialectical Behavioral Therapy (DBT). Ech schaffe mat Erwuessenen a grousse Jugendlecher (15+).Ech sinn Diplom-Psychologin a vum Ministère de la Santé unerkannte Psychotherapeutin. Spezialiséiert sinn ech an der kognitiver Verhalenstherapie/ thérapie cognitivo-comportementale. An der Verhalenstherapie ginn duerch Studien als wierksam beluechten Interventiounen agesat, fir psychescht Leiden ze reduzéieren an ze heelen. A menger Aarbecht passen ech de Choix vun den Therapiemethoden un Är Bedierfnesser an Är Liewenssituatioun un. Nieft de klasseschen Interventiounen aus der Verhalenstherapie schaffen ech och vill mat Elementer aus der sougenannte „drëtter Well“ vun der moderner Verhalenstherapie, d.h. mat Achtsamkeetsbaséierten Therapieusätz wéi d‘Acceptance and Commitment Therapy (ACT) an d‘Dialectical Behavioral Therapy (DBT).

    Ech schaffe mat Erwuessenen a grousse Jugendlecher (15+).

    working-method
    Iwwert mech
    Iwwert mech / Bio
    Ech schaffe séit 2012 an ënnerschiddleche psychotherapeuteschen Ëmfelder. Ech hunn mat Erwuessenen, Kanner, Familljen a Gruppe souwuel am ambulanten wéi och am stationären Ëmfeld geschafft. Mäin Diplom a Psychotherapie, hunn ech mam Schwéierpunkt Verhalenstherapie ofgeschloss. Fir Iech déi beschtméiglechst Behandlung ubidden ze kënnen ass et fir mech selbstverständlech, datt ech um aktuelle Stand vun der Therapiefuerschung bleiwen an u Weiderbildungen a Supervisiounen deelhuelen.
    description
  • Fachgebiet
    Zielgruppen
    Erwuessener
    Grond vun der Berodung
    Ängscht, Depressiounen, Zwangssteierungen, Suchtverhaalen, Trauer a Verloscht, Trauma, Sexuell Problemer, Koppel Konflikt, Stress a Konflikter op der Aarbecht, Schlofsteierungen, Verhalensstéierung, Aggressiv / Gewaltegt Verhalen, Identiteits Problemer
    Typ vun Therapie / Ausbildung
    Kognitivt Verhalen
    Méi Info
    Méi Info

    Am Moment sinn all meng Platzen besaat. Ech kann Iech leider keen Rendez-vous ubidden.


    Méi Informatioune fannt Dir ënnert: www.psychotherapie-arendt.lu
    free-text
  • Plang
    Institutioun 1
    Adresse 1
    13, rue d'Amsterdam L-1126 Luxembourg - Belair
    Tel 1
    + 352 661 60 80 40

  • Kontakt Formulär

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits