Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Iwwer d’SLP

D’Zieler vun der SLP sinn:

  • D’Disziplin vun der Psychologie an hire verschiddenen Uwendungsfelder um nationalen an internationalen Niveau an d’Kooperatioun mat aneren Organisatiounen* promouvéieren;
  • De Kontakt, den Austausch vun Informatiounen an d’Zesummenaarbecht vun hire Membere förderen;
  • Fir d’Deontologie vum Beruffsstand antrieden;
  • Sech fir déi sozial a kulturell Interesse vu senge Memberen engagéieren;
  • Sech fir déi berufflech Interesse vun de Psychologen asetzen an – doriwwer eraus – ëm de Schutz vum Titel „Psycholog“ bekëmmeren;
  • D’wëssenschaftlech Fuerschung um Gebitt vun der Psychologie promouvéieren.

* SLP ënnerstëtzt national Psychologen- an Psychotherapeutenassociatiounen ënnert der Konditioun, dass si sech domat averstan erklärt hunn, den SLP-Ethikcode ze respektéieren, dass si héich professionell Kriterien, fir bei hinne Member ze ginn, festleeën an dass si keng wëssenschaftlech zweiwelhaft oder obskur « psychologesch » Usätz (direkt oder indirekt) förderen.


De Verwaltungsrot am Résumé (PDF)


Keesserevisoren:

Dr. Monique REICHERT / Dr. Robert REUTER (mandatéiert fir d’Period 2015-2018)


National Déléguéierter

Verschidden aktiv oder éiere – Memberen vertrieden, an Optrag vum Verwaltungsrot, d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie, fir spezifesch  Aktivitéiten, déi als virrangeg a wichteg fir d’Promotioun vun der Psychologie ugesi ginn. Am Ablack ënnerstëtzt d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie déi ënnen ernimmten Ausschëss.

De Féierungsausschoss vum Master of Science in Psychology : Psychological Intervention vun der Universitéit vu Lëtzebuerg

Dr Fränz D‘ONGHIA

De Féierungsausschoss vum Bachelorprogramm a Psychologie vun der Universitéit vu Lëtzebuerg

Dr Gilles MICHAUX

Repräsentant vun de fräischaffende Psychologen am Office National de l’Enfance

Mme Michèle BELLION

Vun der SLP proposéiert Memberen am Conseil scientifique vun de Psychothérapie

Dr Nathalie KIPGEN
Dr Gilles MICHAUX

Repräsentant am Conseil scientifique vun der blëtz asbl

Dr Anne-Marie SCHULLER

Repräsentanten am Luxembourg Brain Council

Dr Anne-Marie SCHULLER
Mme Romaine BIRDEN

Repräsentant am Institut National du Cancer

Dr Vera HEITZ

icon-facebookicon-twittericon-linkedin

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits