Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
« Zrëck op d'Lëscht
Dr Fränz D'Onghia (PhD)
Psychotherapeut
- Mäi ProfilAffichéierten NummDr Fränz D'Onghia (PhD)StatusPsychotherapeutBerusftypFräiberuflech, UgestalltFinanziell ParticipatiounVun der CNS rembourseiertSproochenLëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, EngleschAkzepteieren StagiarenBachelor an der Psychologie, Master an der Psychologie, Doktorat an der Psychologie, Mat Psychologie-DiplomAarbechts MethodEch schaffen esouwuel mat Gruppen, ewéi individuell. Meng Arbechtsmethod as ganz staark vun der kognitiver Verhaalenstherapie geprägt.Iwwert mechIwwert mech / BioEch si säit 2002 diploméierte Psycholog vun der Universitéit vu Nanzeg, do wou ech och 2009 mäin Doktorat an der Psychologie ofgeschloss hun. Mäin Doktorat hun ech an Zesummenarbecht mam INRETS (haut IFSTTAR genannt), de nationale Fuerschungsinstitut fir Verkéierssécherheet a Frankräich, gemeet. De Sujet vu mengem Doktorat dréit ronderem d'Kommunikatioun vun Verkéierssécherheetsmessagen.
Haut sin ech Direkter vum C.P.A.T.S. (Centre de Psychologie Appliquée aux Transports et à leur Sécurité), eng Struktur déi ech 2006 gegrënnt hun (cf. www.cpats.lu) an ech sin och Chargé de Direction vum Centre d'Information et de Prévention, e Service vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale (cf. www.llhm.lu).
Meng Interessi a Kompetenzberäicher sin d'Präventioun am wäitsten Sënn, awer besonneg d'Präventioun an de Beräicher Verkéierssécherheet, psyschech Krankheeten an d'Suizidpräventioun.
Ech war Koordinateur vum Plan National de Prévention du Suicide, e fënnef Joresprogramm (2015 - 2019) deen an Zesummenarbecht mam Gesondheetsministär realiséiert gouff (cf. www.prevention-suicide.lu).
Vun 2014 bis 2018 war ech Präsident vun der Société Luxembourgeoise de Psychologie (cf. www.slp.lu). Ech si Matgrënner vun der FAPSYLUX der Fédération des Associations représentant des PSYchothérapeutes au Grand-Duché de LUXembourg asbl (www.fapsylux.lu).
En détailléierten CV fannt Dir op der leschter Rubrik. - FachgebietZielgruppenJugendlecher, Erwuessener, AnererGrond vun der BerodungÄngscht, Depressiounen, Stress a Konflikter op der Aarbecht, Schlofsteierungen, Aggressiv / Gewaltegt Verhalen, AnererTyp vun Therapie / AusbildungKognitivt VerhalenMéi InfoMéi InfoEch hun zousätlech zu mengem Psychologiestudium, e Studium an der Epidemiologie (100 Stonnen), an der kognitiver Verhaalenstherapie (350 Stonnen), an der Verkéierssécherheet (245 Stonnen), an der Interventioun vu suizidale Krisen (35 Stonnen). Ausserdeem hun ech 2018 e Master am Management erfollegräisch ofgeschloss (120 ECTS).
- PlangInstitutioun 1Institutioun 1Centre de Psychologie Appliquée aux Transports et à leur Sécurité (CPATS)Adresse 170, route d'Esch L-3340 Huncherange (Commune de Bettembourg)Tel 1+352 26 51 15 45WebsiteInstitutioun 2Institutioun 2Service Information et PréventionAdresse 275, rue de Mamer L-8081 BertrangeTel 2+352 45 55 33Website 2
- Kontakt Formulär
- GalerieDokumenterDocument upload 1Document upload 2Document upload 3