Psychologe si wëssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement (Denken, Fillen, Erliewen) a Verhale vum Mënsch. Si gi qualifizéiert duerch een Universitéitsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS).
Psychologe schaffen a ganz ënnerschiddleche Beräicher, z.B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen.
Psychologen bidden Iech an de verschiddensten Beräicher professionell Hëllef un fir är Problemer effikass ze bewältegen!
De Beruff vum Psycholog ass nach net gesetzlech reglementéiert.
Klinesch Psychologe schaffen am Beräich vun der psychescher Gesondheet. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt.
Psychotherapeute si Psychologen oder Medezinner (meeschtens Psychiateren) mat enger staatlech unerkannter Zousazausbildung an der Psychotherapie.
Psychotherapie ass eng gezielte professionell a längerfristeg Behandlung vun psychesche Stéierungen a Krankheeten unhand vun enger psychotherapeutescher Method. Klärt mat ärem Psychotherapeut of ob eng Psychotherapie ubruecht ass.
D’Ausübung vun der Psychotherapie ass gesetzlech geschützt.