Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
Gëff Member!
Firwat Member an der SLP ginn?
Ä: Als Member vun der SLP profitéiert Dir, jee no Ärem Memberstatut, vun Avantagen an hutt Urecht op folgend Servicer
- als zertifiéierten Psycholog unerkannt sinn (dank Validatioun duerch d’SLP vun den Diplomer). Dëst ass eng zousätzlech Plus-Value souwuel bei der Sich no Plazen am privaten/ëffentlëchen Secteur als e Garant vun Sériosität fir fräischaffend Psychologen (Verflichtung zum Respekt vum SLP Ethik Code). (nëmme fir aktiv Memberen!)
- am Annuaire des Psychologes / Psychothérapeutes vun der SLP als zertifiéierten Psycholog enregistréiert ze sinn. (nëmme fir aktiv Memberen!) Eis Websäit gëtt minimum ronn 1600 mol am Mount besicht!
- den Titel Membre actif de la SLP droen (nëmme fir aktiv Memberen!)
- gratis oder zu reduzéierter Conditiounen “posten“ vun berufflechen Annoncen per eNews mat Verëffentlechung op eisem Site
- Méiglechkeet eise Comité an eis Experten em Rot ze froen
- gratis oder reduzéiert Aschreiwungskäschten bei SLP Evenementer, bei Evenementer vu Partnerorganisatiounen an bei speziellen Offeren fir SLP Memberen
- Abo op den EFPA News Magazine (e-Magazine)
- Exklusiv fir SLP Member: exklusiv Informatiounen zu neien Entwécklungen am Beruff
- ….
D’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) besteet aus aktiven an Éierememberen.
Fir en aktive Member ze ginn, muss een:
1) am Besëtz sinn:
- vun engem Diplom vun engem komplette Cycle vun op mannst 5 Joer Universitéitsstudien (300 ECTS) am Haaptfach Psychologie. (Pre-Bologna Diplomer ginn en Funktioun vun den Pre-Bologna Regelen behandelt). Dësen Diplom muss am Registre des Titres d’Enseignement Supérieur ageschriwwe sinn (Ausnahm: unerkannten BENELUX Diplomer)
Kuckt och: [Registre des Titres d’Enseignement Supérieur]. Verschidde Fern-Studium Diplomer ginn vun der SLP net unerkannt.
2) sech formell dozou verflichten, den SLP-Ethik-Code ze respektéieren [Franséisch Versioun];
3) no Akkzeptatioun vun Ärer Kandidatur d’Cotisatioun annuelle vun 75 € bezuelen (30 € fir retraitéiert Memberen). Cotisatiounen ab 1. Oktober vum lafenden Joer sinn gülteg bis 31. Dezember dat Joer drop (15 Méint).
Adhésioun:
* iwwer Online-Umellung hei aschreiwen (Inscriptioun an Envoi vun den Dokumenter obligatoresch iwwer Online Umëllung!)
* folgend Dokumenter sinn obligatoresch! an komplett mat der Demande matzeschécken:
- eng Kopie vun Ärem Universitéitsdiplom an der Psychologie. (Bachelor + Master Diplom an der Psychologie , respektiv Pre-Bologna Virdiplom, Haaptdiplom)
- eng Traduction assermentée fir Diplomer an aner Sproochen wéi D,FR,GB an L
- eng Kopie vum Certificat vun Ärer Aschreiwung am Registre des Titres d’Enseignement Supérieur.
- den ausgefëllten Awëllegungsformulaire [Download] vun Ärem Bekenntnis zum Ethik-Code [Download].
- (fir unerkannten Psychotherapeuten, d’Autorisation d’exercer vum Ministère de la Santé)
D’Beaarbechtungsdauer vun enger Demande ass ronn 4-6 Wochen wann all d’Dokumenter korrekt virléien.
FAQ: Wisou wëll d’SLP all déi Dokumenter, fir mech als Haaptmember unzehuelen?
Ä: Ziel vun dëser strikter Moossnam ass, all Patient/Client vun engem bei der SLP als aktive Member ageschriwwenen Psycholog garantéieren ze kënnen dat dësen iwwer eng adequat Ausbildung verfüügt.
D’SLP recommandéiert Studenten am Fach Psychologie Member bei der ALEP ze ginn.
Éierememberschaft:
D’Éierememberschaft ka Persounen zougesprach ginn, déi der SLP finanziell oder moralesch Ënnerstëtzung zoukomme gelooss hunn oder déi besonnesch Verdéngschter fir d’Promotioun vun der Psychologie als professionell oder akademesch Disziplin geleescht hunn.
Wann Dir duerch eng tatkräfteg Ënnerstëtzung d’Efforten vun SLP fir enger besser Unerkennung vun der Psychologie hei zu Lëtzebuerg fërderen wëllt, kontaktéiert d’SLP w.e.g. iwwer eist Sekretariat.
Postscheckkont fir all Cotisatioun:
LU97 1111 0536 7837 0000 (IBAN) CCPLLULL (BIC/SWIFT)
oder per Digicash Nummer 621 370 160