Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

ETHIK

2001 huet d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie en Ethikscode ugeholl, deen als Richtlinn an der professionneller Aarbecht an zum Léisen vun etheschen Dilemma a Wertkonflikter, op déi professionell Psychologen a Praxis (Diagnose, Berodung, Psychotherapie, asw.) a Fuerschung kënne stoussen, soll déngen. De Bäitrëtt als Member vun der SLP implizéiert en Engagement zum etheschen Handelen am Accord mat den Ufuerderunge vum Ethikcode.

Ethikcode vun der SLP

D’Ziel vum SLP-Ethikcode ass d’Wuel an de Schutz vun deene Mënschen ze garantéieren, déi mat Psychologen interagéieren. Ausserdeem soll en zum etheschen Handelen encouragéieren an zu qualitativ héich psychologeschen Déngschtleeschtunge bäidroen.

Eroflueden vum SLP-Ethikcode (Download)

Den SLP-Ethikcode ass a senger Form an Inhalt vum ethesche Metacode vun der Europäescher Federatioun vun de Psychologenassociatiounen (EFPA) inspiréiert.

Eroflueden vun der Charte vun der EFPA op Englesch [Download] oder op Franséisch [Download].

Den SLP-Ethikcode ass offiziell vun anere Psychologen- a Psychotherapeutenvereenegungen a vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Psychologiestudenten (ALEP) ënnerstëtzt.
Formellen Accord – ALEP
Formellen Accord – ALUTHECC
Formellen Accord – SLPA

Konsultativ Kommissioun fir professionell Deontologie (CCD)

D’SLP bitt Berodung an Ënnerstëtzung an ethesche Froen an intervenéiert bei Kloen iwwer professionellt Feelverhale vun hire Memberen. Am Joer 2006 gouf eng consultativ Kommissioun fir Ethikfroen opgestallt, déi den Ethikscode enger regelméisseger Evaluatioun ënnerzitt an zu Froen an der Uwendung an Interpretatioun a bestëmmte Kontexter beréit.

Eroflueden vun den Interne Regele vum CCD [Download]

Eroflueden vum Flyer vun der CCD [Download]

D’Membere vum CCD (mandatéiert fir den Zäitraum 2016-2021)

Michaelis Thérése, Psycholog, Presidentin
Finkelstein Corinne, Psycholog, Vize-Presidentin
Steffgen Georges, Psycholog, Sekretär
Heyman Alix, Psycholog
Meyer Diane, Juristin
Theis Robert, Philosoph

Froen, déi ethesch Ugeleeënheete betreffen, kënnen direkt per Mail (contact@slp.lu) un de President vun der SLP geriicht ginn oder u folgend Adress geschéckt ginn:

Société Luxembourgeoise de Psychologie
c/o CCD
BP 1787
L-1017 Luxembourg

Plainten iwwert professionnellt Fehlverhalen vun SLP Memberen mussen iwwert Bréifcourrier un de President vun der SLP geriicht ginn. Eroflueden vum “Règlement sur le traitement des plaintes” [Download]

icon-facebookicon-twittericon-linkedin

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits